Recent Changes - Search:

Haaptseit

Eis Aktivitéiten

Alles zum Chalet

Zur FDGS

Déifferdanger Guiden a Scouten

Muermeldéier Group

Theater 2020

edit SideBar

Aktuelles

Den finanziellen Volet, wat d'Renovatioun vum Haus am Nidderkuerer Bierg betrefft, ass geklärt. Den Staat an d'Gemeng Déifferdeng deelen sech hei d'Käschten. Vun eis aus e grousse Merci fir dess Ennerstetzung.

Mär hunn och all Autorisatiounen déi mer brauchen fir kennen unzefänken.

An, zenter dem 12 Februar 2007 sinn mir Propriétaire vum Haus a kennen also elo esou richteg mat den Aarbechten ufänken.

De Komitee vun den FDGS huet d'Haus vun dem HPMA ofkaaft. Fir dat kennen ze maachen huet d'A.s.b.l mussen een Prêt ophuelen. Ob der enger Seit geet dat äis d'Méiglechkeet fir d'Renovatioun an déi spéider Verwaltung vum Chalet méi oder wéineger autonome unzegoen. Ob der aaner Seit bedeit dat awer och eng net vernoléissegbar finanziell Laascht ob eng länger Zeit.

Fir esou wuel di finanziell Situatioun wéi och d'Renovatiounsaarbechten selwer ze meeschteren sinn mir ob all Hellef ugewissen. Dir kennt äis hëllefen:

  • finanziell, duerch äis Aktioun Sponsor äis e m2
  • manuell, duerch eng aktive Hellef bei eisen Aktivitéiten
  • moralesch, duerch är Presenz an Interessi ob dem FDGS-Stand
  • aktive, duerch är Bedeelegung am Komitee oder am Aarbechtsgrupp-Chalet

That's all folks!

Edit - History - Print - Recent Changes - Search
Page last modified on 18.02.2007 22:16 Uhr