Recent Changes - Search:

Haaptseit

Eis Aktivitéiten

Alles zum Chalet

Zur FDGS

Déifferdanger Guiden a Scouten

Muermeldéier Group

Theater 2020

edit SideBar

En Haff voller Mëller - 2020

 

 

Wéinst dem Corona-Virus (COVIT-19) muss eisen Theater dëst Joer leider ob een spéideren Datum verréckelt ginn
Et gëtt nach keen neien Datum mee dir gitt hei doriwwer informéiert esou bal een neien Datum bekannt ass.

 

Beschreiwung vum Stéck:

Geschriwwen vum Winnie Abel an iwwersat vum Roby Zenner.

Den Hauseege steet schif um Haff vun der Famill Doppelmann. Wärend d'Esther an de John komplett verschidden Zukunftspläng fir den Haff hunn, huet hier Mamm ganz aner Suergen. Béid hier Kanner hunn hier nämlech nach ni e Partner virgestallt,...

Mat der Bestätegung vum Steierberoder, dass et ëm den Haff net gutt steet, gesäit d'Rosa just nach eng Léisung: Ee vun de Kanner muss sech bestueden a kritt d'Leedung vum Haff.

Gespillt gëtt:

Fr. 27.03. um 20hAlass ab 19h15 
Sa. 28.03. um 19hAlass ab 18h15mat Virprogramm
Sa. 04.04. um 20hAlass ab 19h15 
So. 05.04. um 18hAlass ab 17h15mat Virprogramm

Präis

Den Entrée kascht 10€. Kanner, Guiden a Scouten an Uniform 5€
Ticketen ginn an der Oweskeess bezuelt.

Hei geet et bei d'Online Reservéierung

Wou?

am wonnerschéinen Festsall zu Lasauvage (1, Place de Saintignon, L-4698 Lasauvage)

Regie:

Sonja Mack-ErnsterCo-Regie: Raymond Mack, Edmée Wiwenis, Arlette Juchemes

Et spillen:

Raphaël MosarRaphael SalviEric Cillien
Patrick SalviFabienne LentzMichèle Syoen
Florence Salvi-RiesDésirée ZennerSandy Syoen


Edit - History - Print - Recent Changes - Search
Page last modified on 17.03.2020 20:03 Uhr