Recent Changes - Search:

Haaptseit

Eis Aktivitéiten

Alles zum Chalet

Zur FDGS

Déifferdanger Guiden a Scouten

Muermeldéier Group

Theater 2020

edit SideBar

RakletteOwend

lb fr

All Joer organiséiert FDGS e Raclette Owend.


An engem gemittlechem Sall, bis elo ëmmer zu Nidderkuer am Home St. Joseph,(37, rue Paul Eyschen, L-4555) gëtt et Raclette mat gebootschten Gromperen a soss gutt Saachen à gogo. Duerno gëtt et Kaffi an Dessert. Fir Gedrénks ass natierlech och gesuergt. Nieft den traditionelle Softdrinks gëtt et assortéiert Wäiner vu wäiss iwwer Rosé op rout an zum Schluss eng Kirsch/Quetschendrëpp.

Raclette Impressiounen 1 Raclette Impressiounen 2 Raclette Impressiounen 3 Raclette Impressiounen 4

Raclette Owend 2024 - Hei kritt Dir ganz sécher de Kéis

Status Reservatioun 25.01.2024 19:16 Uhr

Fr. 26.1: 71 vun maximal 80 Sa. 27.1: 70 vun maximal 80

Datum

Och dëst Joer proposéieren mer erëm zwee Deeg. An zwar:

Wou

Och 2024 ass den Raclette Owend erëm zu Nidderkuer am Home St. Joseph (kuck d'Kaart...) (37, rue Paul Eyschen, L-4555).

Präis

  • Fir Erwuessen Persounen (ab 16 Joer) kascht dat ganzt 26€ (ouni d'Gedrénks)
  • Fir Kanner a Jugendlech (bis 15 Joer) hunn mer folgend Formule: 1€/Joer vum Kannt.
    Beispill: een Kannt dat 10 Joer al ass bezilt 10€, ee Jugendlechen vun 15 Joer bezilt der eben 15€. Ab 16 Joer kascht et 26€

Well mer nëmme limitéiert Plazen hunn, musse mer en Acompte vun 10€ op de Kapp froen (fir Kanner gëtt et keen Acompte). Eréischt mat der Iwwerweisung vum Acompte ass d’Umeldung confirméiert.
Eise Compte: CCRALULL / LU60 0090 0000 3032 8009 mat dem Vermierk "Raclette 2024 Datum, an Unzuel Erwuessen déi reservéiert sinn"

Reservéiert also ären Dësch esou séier wéi méiglech, well:

  • déi éischt si fir :-o))
  • der eis bei der Organisatioun domat entgéint kommt

Umeldung

Umelle kann Dir iech:

Fir weider Informatiounen kenn Dir iech hei mellen:

  • beim Georges Schutz
    • Tel. 691-822388 / 26581255 (no 9 kéier schelle kennt een Anrufbeantworter)
Edit - History - Print - Recent Changes - Search
Page last modified on 14.01.2024 20:29 Uhr