Recent Changes - Search:

Haaptseit

Eis Aktivitéiten

Alles zum Chalet

Zur FDGS

Déifferdanger Guiden a Scouten

Muermeldéier Group

Theater 2020

edit SideBar

Chalet

An dësem Chalet sollen Schlofgeleegenheete fir eng 30-40 Leit sinn. Hei e bessen den Historik, vun dem waat mer schonn gemach hunn a wou mer de Moment stinn:

Nodeems mer eng Rei Plaazen an der Gemeng kucke wuaren ass eng ganz flott zereck behal gin. Dëst ass en Haus waat fréier e Vestiaregebei vun der Schmelz wuar an am Agang zu den Galerien Hondsbesch Läit. D'Haus gehéiert am Moment dem Interkommunalen Spidolssyndikat vum HPMA.

Den 28 Dezember 2002 hu mer e Bréif un de Präsident vum Syndikat gemach, fir him mat ze deelen dass mer un deem Haus interesséiert wären.

Den 11 Februar 2003 kruute mer eng Äntwert, dass sie eist Ueies zur Kenntnis geholl hunn, eis awer de Moemnt keng définitf Äntwert kennen gin. Dat erklärt sech doduerch dass zu deem Moment gekuckt gouf wou eventuell eng annexe vun der Ettelbrecker Neuropsychiatrie zu Nidderkuer kinnt gebaut ginn.

Mär hun eis mam Claude Bamberg verstärkt (hien ass Architekt an och an aale Scout vun Déiffedeng). Mat him hu mer d'Haus opgemooss an de Claude huet eis genial Pläng gezeechent wéi et kinnt emgebaut ginn.

Den 12 Februar 2004 hu mer nach eng Kéier un de Präsident geschriwen, an him erklärt dass mer nach emmer interesséert un deem Haus wären. Dorops kruute mer leider keng Äntwert.

Den 14 July 2004 hate mer e Rendez-Vous mam Déifferdenger Schäfferot. Et wuar och mam Nico Meisch e représantant vum Famillienministère do. Mär hun eise Projet do an allen Detalier virgestallt. Gemeng huet eis dun zougeschert, dass sie wärten 50% vun de Käschten iwwerhuelen. Beim Famillienministär hun se de Projet och ganz gutt fonnt, awer gesot dass de Moment keng Gelder zur Verfügung wären fir weider Projet'en.

Den Claude huet eise Projet mat Budgetsposten ergänzt, eosu dass mer elo och woussten waat d'Renevéierung géif kaschten.

Mär hunn eis nach e Rendez-vous bei der ITM gefrot, fir all Secherheetsdetailer ze klären.

De 5 November 2004 hu mer en Commodo-Dossier un d'Administration de l'environnement gescheckt

Den 15 Dezember 2004 hate mer e Rendez-vous mat der Famillienministesch. Sie huet eis do gesot, dass sie hir Techniker op d'Plaaz scheckt fir sech e Bild vum Projet ze mechen.

Den ?? wuaren Techniker vum Famillienministär dann do, an mär hunn eis zesummen mam Schäfferot vun Déifferdeng d'Haus nach eng Kéier ugekuckt.

Den 10 März 2005 hu mer nach eng Kéier e Bréif un d'Famillieministesch Mme Marie-Josée Jacobs geschriwwen, wou mer eis Argumenter fir esou e Chalet zu Déifferdeng erklärt hunn.

Den 8 July 2005 hu mer e Bréif vun der Ministesch kritt, dass de Ministère de la famille elo och 50% vun den Käschten iwwerhëllt. Domadder ass d'Finanzéierung vum Projet gesechert.

Mär hun eng Copie vun deem Bréif un de Schäfferot an un de Syndikat vum HPMA gescheckt.

Den 14 september 2005 hu mer eng weider Entrevue mam Schäfferot fir iwwer d'Modalitéien vun der Finanzéierung ze shwätzen.

An engem Breif vum 29 august 2006 hu mir eng propose vum Syndicat kritt fir entweder d'Haus ze kaafen oder et via e Bail emphytéotique ob 50 Joer zuer Verfügung gestallt ze kreien.

Edit - History - Print - Recent Changes - Search
Page last modified on 07.05.2007 16:50 Uhr