Recent Changes - Search:

Haaptseit

Eis Aktivitéiten

Alles zum Chalet

Zur FDGS

Déifferdanger Guiden a Scouten

Muermeldéier Group

Theater 2020

edit SideBar

Historesches

Historesch Info zu dem Chalet Hondsbësch

Ob dëser Säit probéieren mir esou fill wéi méiglech historesch Informatioun an Fotoen zu dem Gebai dat haut den Chalet Hondsbësch ass zesummen ze droen.

Et ass ëm 1920 fir d'Mineure gebaut ginn. Si haten do hir Vestiairen, wou se sech un- an ausgedoen hunn a sech och konnte wäschen. D'Dusche waren um Rez-de-chaussée an um éischte Stack war e grousse Raum mat engem Wäschtrach. Et gouf och eng Buedbidden, mä déi war nëmme fir de Chef reservéiert. Doduerch huet d'Gebai den Numm Badeanstalt kritt.

Da gouf et och méi e klenge Raum mat Glasguichet, wou d'Aarbechter hir Enveloppe mat der Pai kritt hunn.

Bärbelendag war eng méi lass an der Badeanstalt. Fir hir Schutzpatrounin ze feieren, sinn d'Mineuren deen Dag dann no hirer Schicht vis-à-vis an d'Hiehl e Patt huele gaangen. Fir dohinner ze kommen, hu se missten iwwert en Hiwwel goen a wann et gereent huet, a si sinn zeréck an d'Badeanstalt komm, da ware se esou voller Bulli, dass d'Ausflëss verstoppt waren.

D'Minière ass 1892 opgaangen an 1957 zougemaach ginn.

Edit - History - Print - Recent Changes - Search
Page last modified on 14.09.2009 20:44 Uhr