Aktiv /
Concert an Workshop mam DON ROSS an ANDY MCKEEConcertOb Invitatioun vun der FDGS gin den DON ROSS an den ANDY MCKEE den 18 July 2008 um 20:00 en OpenAir Concert am Schlass vun der Miami University zu Déifferdang. ![]() Don Ross and Andy McKee in Concert Den Concert kascht 18€ Weider Info'en zu den Gitaristen fann dir ennert http://www.andymckee.com an http://www.gobyfish.com
Et sinn nach Ticketen fir beides Concert an Workshop ze kréien.
Guitar-WorkshopSamschdes den 19 July 2008 kennt der e Workshop entweder mam Andy McKee oder dem Don Ross buchen. De Workshop dauert gudd 2 Stonnen a kascht 50€. De Workshop wärt am "Centre Noppeney" zu Differdange-Oberkorn sinn, 6. route de belvaux, 4510 Differdange. Mir limitéieren d'Unzuel vun Persounen ob 12 pro Workshop. Dest fir dass jiddereen sech intensiv mat dem jeweilegen Virtuos kann auserneen setzen. D'Reservatioun vun de Workshop Plazen kann elo just nach via Tel. gemaach ginn. Wei kommen ech dohinn?![]() ![]() ![]() Ee grousse Merci geet un d'Responsabel vun der Miami University hei zu Letzebuerg déi eis et erméiglecht hunn dese Concert an dem wonnerschéinen Kader vun dem Schlass ze organiséieren. E weidere Merci geet och un d'Déifferdanger Gemeng déi eis am Kader vun de Feierlechkeeten "100 Joer Déifferdang" ennerstetzen. |