Chalet /
SchaffWeekenderSecherheetJiddereen den mat hëlleft muss Schaff-Schung (Secherheets Schung) an Händschen hunn. An och een Helm ass net déi schlechtsten Idee, wien der een oder méi huet soll deen/déi ob allefalls matbréngen, mir kucken awer och fir der e puer ze organiséieren. Um Chantier ass keen ënner 15 Joer an mat schwéierem Gerät (Maschinnen) schaffen nëmmen Erwuessener. Et geet genuch Aneres ze dinn :-) Schaff-Dach den Samschdeg 13. Abrëll
Weider Info gëtt et hei...
Schaff-Woch vum Samschdeg 8 September bis Samschdeg 15 September 2012Am Virfeld vum Chaletsfest den 16 September gëtt et wéi all Joer nach eng helle Wull un Aarbechten um, am an ronderëm de Chalet ze maachen. Verschidden Leit sinn zu Verschidden Deeg an Auerzäiten während der ganzer Woch am Chalet fir ze schaffen. Schaff-Woch vum Samschdeg 6 August bis Méindeg 15 August 2011Am Virfeld vun der Inauguratioun vum Chalet den 11 September gëtt et nach eng helle Wull un Aarbechten um, am an ronderëm de Chalet ze maachen. Verschidden Leit sinn zu Verschidden Deeg an Auerzäiten während der ganzer Woch am Chalet fir ze schaffen. Wien Loscht an Zäit huet kann sech beim Frutz (francoise.zenner AT gmx.net) mellen. Schaff-Dach den Samschdeg 18 Juni. 2011Presentz
Schaff-Dach den Samschdeg 19 Feb. 2011Presentz
Schaff-Weekend vum Samschdeg 6 Nov. 2010 an Sonndeg 7 Nov. 2010Presentz
Info zu den Weekender/Aktiounen (Wat ass gelaf wien war do oder ass ugemellt ...)Mir plangen erëm 3 Weekender fir den Raum ënnert dem Daach bis d'Rentrée 2009-2010 vum Groupe Ste-Barbe fäerdeg ze kréien. Déi 3 Weekender sinn den 22-23, 29-30 August an 5-6 September. Um Programm stinn folgend Aarbechten
Schaff-Weekend: Daach-Ausbau III Samschdeg 5 a Sonndeg 6 SeptemberPresentz
InfoSchaff-Weekend: Daach-Ausbau II Samschdeg 29 a Sonndeg 30 AugustPresentz
Sonntag, 30 August 2009
InfoMir hunn Samschdeg weider um Verkleeden vun dem Daach mat OSB geschafft. Ausser den Dräiecker jeeweils lenks a riets vun de Fënsteren si mer esou wäit fäerdeg ginn. Ob der enger Säit ass just nach déi Vertikal Plack ënnert de Fënsteren ze maachen. Den deel zu dem Debarras/Toilette an dem Heizungsraum ass nach net gemaach well do och nach den Botz ob der Mauer fehlt. Dee soll déi nächst Woch gemaach ginn. An der Toilette geet och nach een Duerchbroch am Daach gemaach fir een Ventilator ze setzen an do muss och nach d'Positioun vun dem Luuchtekabel verännert ginn.
Schaff-Weekend: Daach-Ausbau I Samschdeg 22 a Sonndeg 23 AugustPresentz
InfoMir hunn dat ganzt Material fir den Plafong mat Hëllef vun enger Camionnette vun der Gemeng organiséiert an mat, der frëndlecher Hëllef vun zwee Aarbechter vun der Firma KEMA déi e Samschdeg um Chantier waren, ënnert den Daach transportéiert. Mir hunn eis och schon Gedanken zu dem weideren Material (Toiletten, Lavabo, Dieren, Heizungen, Regaler, Schief ...) gemaach. No e ganze Koup gemoos ass et dunn e Samschdeg mat den éischten 3 Placken um Plafong duer Gaang. Sonndeg hunn mer dunn mat Elan schon emol zwou vun dräi Plack erëm erof geholl well den Usaz deen mer eis Samschdeg ausgeduecht haten awer net esou gutt war. Duerno ass et dunn awer gutt gaang an mir sinn bis zur Mëttegstonn (hunn erhéicht um 14h00 giess) mat engem Deel vun dem héichen Plafong fäerdeg ginn. Nomëtteg hunn den Jean, d'Maff an de Paul dunn missen um 16h00 goen an den Alain an Ech hunn nach bis 17h30 geschafft an geraumt. Leider geet et keng Fotoen och wann ech een Apparat derbäi hat hunn ech einfach net drun geduecht der och ze maachen. Schaff-Owend: Fënsteren déi dret den Freideg 26 JuniPresentz
InfoEt ginn d'Fënsteren am Ausbau ënnert dem Dach gesat. Detailer hei ... Schaff-Aktioun: Fënsteren déi zweet den Samschdeg 13 JuniPresentz
InfoDës kéier goufen déi Grouss ronn Fënster am groussen Dortoire gesat an d'Sarge vun der Entréesdier gesat an agekleet. Den Joao hat nach een vun senge Leit mat bruecht an den Jean-Marie Becker war mat senge Kanner laanscht spadséiert an huet bei der grousser Fënster eng Hand mat ugepaackt. Schaff-Aktioun: Fënsteren setzen war den Samschdeg 30 MeePresentz
InfoEt waren zwee Deeg virgesinn an et konnten all Fënsteren an engem Dag gesat ginn. Leider konnten d'Fënsteren am Ausbau net gesat ginn well do de selwechten Dag d'Chappen gemaach goufen. Dat ass awer net esou schlëmm well jo souwisou déi grouss hallef-ronn Fënster an d'Dieren erhéicht méi spéit geliwwert ginn an dowéinst souwisou een weideren Termin noutwenneg ass.
Schaff-Aktioun: Duerchzuch Samstag, 4 April 2009Presentz
Mir sinn um +-9h00 beim Chalet ukomm. Do waren och schon déi vum Daach déi di nei Charpente gemaach hunn an déi vum Gros Oeuvre déi nach am Haus un Maueren gebaut hunn. Mir hunn eis mat Hinnen koordinéiert fir dass mer eis net an de Féiss waren wat och gutt geklappt huet. Mir hunn eis opgedeelt an ee Grupp deen d'Konterlaten ob d'Moss geschnidden huet, een Grupp deen d'Plastiker ob déi richteg Gréissten vun den Fënsteren geschnidden huet an een Grupp deen schon ugefaang huet mat de Fënsteren zou maachen. Mir sinn gutt viru komm an well mir schon um 12:30 bal fäerdeg waren hunn mir emol Gemittlech giess. Et gouf Sauerkraut mat Speck a Wiertchen dat ganzt am Bréidchen. Duerno hu mir just nach e puer kleng Aarbechten gemaach an eist Material zesumme geraumt a sinn schon um 14:00 fäerdeg gewiescht.
Sonntag, 9 März 2008Presentz
Ass aus gefall. Samstag, 8 März 2008Presentz
Ass aus gefall. Sonntag, 11 November 2007Presentz
Mir maachen nach een WeekendDeen ass speziell fir d'Plättercher an d'Chappen eraus ze huelen. Samstag, 10 November 2007Presentz
Sonntag, 4 November 2007Presentz
Och dessen Dag goufen keng Photoen gemaach et haat keen een Apparat derbei. Well mar awer nach net ganz fäerdech goufen geet nach een Weekend drunn gehaangen. Ween also losch huet fir nach e bessen ze rappen an eis ze hëllefen ass guer gesinn. Samstag, 3 November 2007Presentz
Ech weess net ob Photoen gemaach goufen awer et gouf gudd geschafft an de Grousse Sall ass elo eidel. Sonntag, 28 Oktober 2007PresentzAttach:SchaffWE20071028_PICT0001.JPG Δ | De Laurent an d'Mass do get eppes.
Wat war lassDen Laurent ass hei amgaang an dem zukünftegen behënnerten gerechten Sanitärdeel ze schaffen. D'Mauer muss fort well d'Dir ob der falscher Platz ass en déi nei Dir zum dësem Sanitärdeel souwisou méi grouss muss ginn. Attach:SchaffWE20071028_PICT0006.JPG Δ | Elo ass d'Mauer schon bal fort an de Paul schon zimmlech fäerdech. Attach:SchaffWE20071028_PICT0003.JPG Δ | De Fränz kämpft mam Fenster Duerchbroch
De Fränz haat sech, an dat fir de Sonndeg, een Schwéiert Steck ob de Bockel geluet. Een Zougemauerten Fensterduechbroch mat massiven Zillen an dat ganzt Duebel gemauert.
Attach:SchaffWE20071028_PICT0008.JPG Δ | Et geseit een schon eraus
Steck fir Steck geet et weider awer et war einfach net ganz ze packen.
Samstag, 27 Oktober 2007Presentz
D'Photoen vum Samsdeg huet den Jemp gemaach an wärten an den nächsten Deeg Online sinn. Sonntag, 21 Oktober 2007Presentz
D'Photoen vum Sonndeg sinn nach beim Fränz um Handy :-) Samstag, 20 Oktober 2007Presentz
Wat war lassMir brauchen um Chantier natierlech Elektresch fir eppes ze gesinn awer och fir ze schaffen. Ee Merci geet schon un den Verband vun de Letzebuerger Guiden a Scouten well si eis de Baustelleverdeeler geléint hunn. Am Haus ass awer och schon fill Dreck eraus gefouert ginn an mir hunn zwee vun den zolitten Regaler als Steen emfunktionnéiert. Och wann mir den eichten Dag net zu fill waren et ass schon fill geschitt. Baussen ass den Schapp schon fort an mir hunn déi zwou Bennen scho bal ganz gefëllt.
|