Muermel /
D’Muermeldéier – Patrull vun den Déifferdenger Guiden an ScoutenDen Advent 2018 ass um Kommen!Di éischt Adventsaktioun ouni d'Nelly, mer widmen se sengem Undenken!Mer hun d'Modellen vun de Kränz all färdeg, d'Bastelkëschte si gepakt an Putsche si gedréint. An hei di aktuell Tabell: wéini schaffe mer Δ Fir d'Bestellung geet et hei weider Bestellung
Fotoe vun 2016Attach:foto2018_1.jpg Δ Attach:foto2018_12.jpg Δ
Attach:foto2018_2.jpg Δ Attach:foto2018_3.jpg Δ
Attach:foto2018_4.jpg Δ
Attach:foto2018_8.jpg Δ Attach:foto2018_9.jpg Δ Attach:foto2018_10.jpg Δ
Attach:foto2018_5.jpg Δ Attach:foto2018_7.jpg Δ Attach:foto2018_6.jpg Δ
Fotoe vun 2014Attach:muermel2014a.jpg Δ Attach:muermel2014b.jpg Δ Attach:muermel2014c.jpg Δ Attach:muermel2014d.jpg Δ Attach:muermel2014e.jpg Δ Attach:muermel2014f.jpg Δ Attach:muermel2014g.jpg Δ Attach:muermel2014h.jpg Δ Attach:muermel2014i.jpg Δ E bessen Geschicht vun den Muermeldeier„Patrullen“ heeschen di kleng Eenheete vu Kanner, déi zesumme gehéieren fir hiert Guiden- a Scoutsliewen ze meeschteren. Selbstverständlech droe si een Numm a wëllen esou sinn a ginn, wéi dee Personnage oder dat Déier, waat si sech als Numm ausgewielt hunn: fir di aner do sinn, wéi d’Mutter Theresa; staark wéi ee Bier; weis wéi eng Eil; luusseg wéi ee Fuuss; wudderen wéi ee Muermeldéier. Den Déifferdenger Muermeldéier hir Gebuertsstonn läit scho méi wéi 40 Joer zréck. Fir d’Truppekees opzefëlle, war d’Iddi opkomm, fir Adventskränz ze bastelen an de GuisBa (Guide-Bazar) op d’Féiss ze stellen. Mee wéi sollt dat goen, ouni d'Hëllef vun Elteren an Frënn? Esou gong et un; an et huet net méi opgehal. Mee, eng Medaill krut keen, dofir awer eng Päif: d'„Muermeldéiere“ sollte jo päife kënnen, wéi déi aus de Bierger. Waat maachen mir?Wann d’Chefequipe Signaler erausschéckt, da vibréiert et an de fläissege Muermeldéier hieren Haiser. Si récken un: hëllefe Fester a Bazaren z'organiséieren, ee Weekend mat de Kanner ze meeschteren, Theater anzeprouwen, Kulissen z'entwerfen an opzeriichten, e Camp opzebauen, ee Ralley ze plangen an am Bësch Dännesträiss zesummenzerafen,... Fir d'Adventszäit gi si nach méi wibbeleg: d’Adventskränz mussen gerëscht ginn. Keng Stonn ass hinnen ze fréi oder ze spéit. Vill verschidde Muermeldéier hunn d’Guiden an d'Scouten an all deene Joere begleed. Si wëssen, si hu sech an den Déngscht vun enger gudder Saach gestallt. Duerfir si si mat Freed och di nächste Kéier erëm dobäi. Esou kann de Benevolat och fir si eng Beräicherung ginn, an d’Déifferdenger Guiden a Scoute soen hinne Merci fir hiert Engagement. Attach:p1020357_a.jpg Δ Attach:p1020359_a.jpg Δ Attach:Muermeldéier.jpg Δ Attach:p1020370.jpg Δ Attach:p1020371_a.jpg Δ Attach:p1020383.jpg Δ Attach:p1020385.jpg Δ Muermeldéier-Owend 2007Den 26.Januar 2007 hun d'Muermeldéier sech getraff, fir de Bilan Δ vun den Adventskränz 2006 ze maachen an e gemittlechen Owend bei enger gudder Raclette ze verbrengen. D'CaraPio an d'RaRo hun fir de Kéis an d'Gromperen gesuergt an och nach bei der Spull gehollef! MERCI! Attach:muermelowend2007a.jpg Δ Attach:muermelowend2007c.jpg Δ Attach:muermelowend2007b.jpg Δ |