Recent Changes - Search:

Haaptseit

Eis Aktivitéiten

Alles zum Chalet

Zur FDGS

Déifferdanger Guiden a Scouten

Muermeldéier Group

Theater 2020

edit SideBar

Renovatioun

Virun der Renovatioun

Fir unzefenken ass et emmer gudd ze gesinn waat mir eis obgehalst hunn. An desem Deel stellen mir d'Start Situatioun duer an dokumentéieren den Zoustand vum Chalet ier d'Aarbechten wierklech ufenken.

Chalet vun der Stroos aus 2002.12
Strosseseit (Photo 2002.12)
Chalet vun dem Bësch aus 2002.12
Bëschseit (Photo 2002.12)


Schaff-Weekender

Mir organiséieren divers Schaff-Weekender fir een Deel vun den Ofrappeaarbechten selwer ze maachen an soss Saachen ze maachen déi mir selwer maachen kennen.
Weider Detailer zu den Weekender fann der hei...

Pläng an Ennerlagen zu dem Projet

Access ob den Download Bereich fir den Aarbechtsgrupp Chalet.

Suivi vum Chantier

Esou baal den Chantier ugefaang huet fann dir héi Biller an Explikatiounen zu dem Fortgang vun Aarbechten.

Asbest Sanéierung

Attach:Depolux_01.small.jpg Δ Δ | Ventilatioun (Photo Donnerstag, 25 September 2008) Attach:Depolux_02.small.jpg Δ Δ | Unhänger (Photo Donnerstag, 25 September 2008)

Attach:Depolux_03.small.jpg Δ Δ | Schleisen (Photo Donnerstag, 25 September 2008) Attach:Depolux_04.small.jpg Δ Δ | Schleisen (Photo Donnerstag, 25 September 2008)

Gros-Oeuvre

D'Firma Conter-Lehners mécht all Aarbechten vum Gros-Oeuvre.

Folgend Aarbechten sinn erleedegt:

  • Demolitioun, divers Saachen hun nach missen ofgerappt ginn och wann d'FDGS zesummen mat dem Group Ste Barbe do schon fill Aarbecht geleescht haaten.
  • Etanchéitéit an Drainage vum Haus. D'Haus gouf ganz ronderëm fräi geluet an mat enger Versigelung versinn. Duerno gouf een Drainage un den Kanal ugeschloss an erëm mat Schotter zou gemaach.
  • All d'Öffnugnen vum Haus goufen esou ob gemaach wéi se am Plang virgesi sinn, Sorties de secours, zou gemauert Fënsteren, ...
  • De Kanal huet missen frësch gemaach ginn well den enneschten Deel komplett verstoppt war.
  • Well déi bestehend Dallen am Haus awer net méi dem Aktuellen Stand entsprach hunn an se an dem Zoustand wéi se waren een Sécherheetsrisiko waren sinn déi och komplett aus gewiesselt ginn.
  • All d'Wänn goufen frei geluecht
  • Et goufen all néi Maueren gebaut an all néideg Dierënnerzich ersaat
  • D'Fondatiounen an den Betongs Sockel fir d'Feiertrap sinn fäerdeg
  • D'Lüftungslächer am Keller gebuert
  • d'Schappen sinn, ausser an den Naassreim, iwwerall gemaach
  • asw

Den Gros-Oeuvre ass elo esouwäit mat den Aarbechten am Haus fäerdeg ausser dem Beworf vun de Wenn an den nächsten Deeg iwwert d'Bühn geht.

Mini: PHP-GD image library not found. Exiting.

Berechnungen

Den Herr Svoboda vun PROJETLUX huet all statik Berechnungen vun dem Chantier gemaach.

Mini: PHP-GD image library not found. Exiting.

Daach

D'Firma ProToiture mécht all Daach Aarbechten.

Den Daach huet komplett missen ersat ginn, d.h. alles erof an een neit Gebälk, nei Leeën an nei Isolatioun.

Mini: PHP-GD image library not found. Exiting.

Edit - History - Print - Recent Changes - Search
Page last modified on 20.02.2011 13:54 Uhr